Vous êtes sur la page 1sur 6

Monsieur Lucien Weiler Prsident de la Chambre des Dput-e-s

DI GRNCi

CHAMBRE

DES DPUTS

Entre le:

1 0 DEC. 2007 Q 2.\61

Luxembourg, le 10 dcembre 2007

Concerne: Question parlementaire URGENTE Monsieur le Prsident, Par la prsente et conformment au Rglement de la Chambre des Dput-e-s, je souhaiterais poser une question parlementaire urgente Monsieur le Ministre de la Justice. Le Ministre de la Justice vient de d'annoncer que l'Inspection Gnrale de la Police sera appele analyser, dans le cadre de l'affaire Bommeleer, les circonstances et la lgalit de la filature sur le chef de la Brigade mobile de la Gendarmerie en 1985. Selon wort.lu, l'implication de l'Inspection Gnrale de la Police n'est pas sans soulever de nouvelles interrogations car des policiers aujourd'hui hauts placs au sein de l'IGP auraient fait partie dans le annes '80 et '90 des quipes enqutant dans l'affaire Bommeleer. L'un des lments de l'actuelle IGP aurait mme dirig l'enqute au sein de la SOret , En d'autres termes: Ils seraient amens enquter sur leur propre enqute 1 Je voudrais donc poser les questions suivantes Monsieur le Ministre: ,. Est-ce que vous pouvez confirmer ces informations? - Si oui, quelles conclusions faut-il en tirer? Je vous prie d'agrer, Monsieur le Prsident, l'expression de mes salutations respectueuses.

Felix Braz

dpl.Jt

Le caractre urgent de la question a t reconnu (10.12.2007)

11.12.2007 - Question urgente N2162 de M. Flix Braz relative laffaire Bommeleer (Sance publique 15, Compte rendu 06) M. Flix Braz (DI GRNG).- Merci, Hr President. An de leschten Deeg a Wochen ass jo Bewegung an eng Enqute komm, di den Aussoen no vun deenen, di d'Enqute gemaach hunn, an all deene Joren ni zum Stllstand komm war oder wier. Et ass Bewegung drakomm um judiciair Plang. Et sinn awer och duerch di Bewegung um judiciair Plang Froen opgeworf ginn, di d'Politik sollen interessieren, d'Parlament awer och Bericher, wou de Minister sech gefuerdert gesit ze reagieren. Mir haten Diskussiounen - ech wll di net nach eng Kier frsch opmaachen mat deenen zwee Agenten, di elo vum Minister suspendiert gi sinn. Et sinn och nach mmer eng ganz Partie Froe gestallt ronderm de Chef, de Generaldirekter vun der Police, wou de Minister jo och eng schrftlech Rprimande dcidiert huet. Ech wll dat elo net nach eng Kier hei nei kommentieren. Wat awer elo derbikomm ass, dat ass, dass de Minister ugeknnegt huet, eng Enqute maachen ze loosse vun der Inspection gnrale de la police iwwert de Kontext vun der Filature, di an den 80er Joren op den deemolege Chef vun der Brigade mobile, dem Hr Geiben, gemaach ginn ass. An di Fro, di sech elo stellt - et wr gutt, wann dorobber haut eng kloer ntwert gif kommen, an duerfir begrisse mer och, dass de Minister, oder d'Regierung d'Urgence unerkannt huet a se haut scho bentwert -, dat ass eben di Fro, awiwit dass di Leit, di elo an der Inspection gnrale de la police schaffen, neutral genuch sinn, fir knne sech mat dr Fro do ofzeginn. Well et ass bei eis nun emol esou, dass mer eng Partie Leit an der Inspection gnrale de la police hunn, di virdrun op anere Plazen am Scherheetsapparat geschafft hunn, di nner mstnn och direkt oder zumindest indirekt mat der Enqute vun

deemools ze dinn haten an di natierlech net mat der nideger Onbefaangenheet kinten di Aarbecht elo fir d'Inspection gnrale de la police maachen. Mir hunn en Artikel als Ulass geholl, dee publiziert ginn ass op wort.lu, wou gesot ginn ass, dass et do miglecherweis gif Iwwerschneidunge ginn. Mir wllen duerfir vum Minister wssen, ob de Minister di Informatioune ka besttegen, dass et do Iwwerschneidunge gtt, a wa Jo, wi hie gedenkt domadder mzegoen, fir scherzestellen, dass di Enqute, di hien elo initiiert huet, och esou ka gemaach ginn, dass se sech herno net dem Virworf ausgestallt gesit, dass di Leit befaange gewiescht wieren, an domadder hir Konklusiounen net crdibel wieren, well se dann op eng Aart a Weis schlussendlech iwwer sech selwer enqutiert htten. Do gi sech vill Froe gestallt, a mir wre frou, wann de Minister kint di Froen, di sech do gestallt ginn, kloer bentwerten, fir dass, wann et e Problem gtt, eng aner Lisung ka fonnt ginn. A wann et kee Problem gtt, dass dat kloergestallt ass, dass sech di dote Froen net werten an den nchste Wochen als richteg erausstellen. Ech soen Iech Merci fir d'ntwert. M. le Prsident.- Merci, Hr Braz. Den Hr Justizminister Luc Frieden huet d'Wuert. M. Luc Frieden, Ministre de la Justice.- Hr President, zur Form gif ech fir d'ischt wuel soen, datt ech hei di Fro do gre bentwerte souwi am glichen Otemzuch di, di den Hr Bettel mer gestallt huet, di sech nmlech op genau di nmlecht Problematik (Interruption)

M. le Prsident.- Dat spillt keng Roll. Den Hr Minister kann awer d'Fro bentwerten. M. Luc Frieden, Ministre de la Justice.- Och wann hie leider net do ass. Well di Fro sech op di nmlecht Problematik bezitt. (Interruption) M. le Prsident.- Hr Minister, wann Der erlaabt, d'Madame Flesch huet d'Wuert gefrot. Mme Colette Flesch (DP).- Hr President, just eng Explikatioun. Den Hr Bettel huet mer de Mtteg telefoniert, hien huet de Moie misse bei den Dokter goen, deen him gesot huet, e soll doheem bleiwen. Duerfir ass den Hr Bettel net do. M. le Prsident.- M den Hr Bettel ass ganz scher frou, wann den Hr Minister direkt seng Fro bentwert, huelen ech un. Sou, Hr Minister, Dir hutt d'Wuert. M. Luc Frieden, Ministre de la Justice.- D'lescht Woch war an der Commission juridique vun dsem Parlament eng Entrevue tschent de Membere vun der Commission juridique an dem Hr Procureur d'tat vu Ltzebuerg. An no dr Entrevue, un dr ech net deelgeholl hunn, ass iwwer ee prezise Fait diskutiert ginn dobaussen. Dat war d'Ausso vum Hr Procureur betreffend enger Observatioun, di anscheinend op Uerder vun der Gendarmerie deemools gemaach ginn ass op d'Persoun vum Hr Geiben, an di Resultater vun dr Observatioun wren net virugaangen un d'Autorit judiciaire. An de Stellungnahmen, notamment vun dem Hr Braz an dem Hr Bettel virun der Press, ass geschwat ginn engersits vun enger Verletzung vum Code d'instruction criminelle - ech huelen un, datt et dee war, et ass zwar mmer gesot

gi Code d'instruction civile, m ech huelen un, datt et de Code d'instruction criminelle war - an anerersits huet den Hr Bettel verlaangt, souwuel pnal wi och disziplinaresch Schrtt ze nnerhuelen. Ech kann dat als Justizminister net maachen, wann ech net weess, wat d'Fait sinn. Wann et m pnal Schrtt geet, dann ass et opgrond vum Artikel 23 a subsidiaresch vum Artikel 19 vum Code d'instruction criminelle esou, datt, wann ech e Fait pnal matgedeelt krien, ech dem Procureur dee muss matdeelen, an et ass um Procureur dann ze kucken, ob hie selwer oder via den Untersuchungsriichter strofrechtlech Schrtt an esou engem Fall nnerhlt. Et ass dat, wat ech gemaach hunn. Domadder bentwerten ech d'Fro vum Hr Bettel. Ech hunn also mech do net agemscht an d'Justiz, well et ass net u mir festzestellen, ob e Fait, dee mentionniert gtt, strofrechtlech Konsequenzen huet oder net. Et ass also um Hr Procureur, fir ze kucken, ob dorauser strofrechtlech Konsequenzen ze zie sinn oder net. Dat Zweet ass, ech hu mer gesot, wann innerhalb vun der Police eppes net richteg funktioniert huet, onofhngeg vum strofrechtleche Fait, da muss ech dat kucke loossen. Ech kann Iech net soen, wat virun 22 Joer wie wat gemaach huet. D'Gesetz iwwert d'Polizei vun 1999 gesit vir, datt mer eng Inspection gnrale de la police hunn, di zoustnneg ass, fir de Fonctionnement vun der Police ze kucken. Fir also ze kucken, ob 1985 eng Observatioun gemaach ginn ass, wien di ordonniert huet a wat duerno domadder geschitt ass, kann ech dat nmme maache via esou een Instrument wi d'Inspection gnrale vun der Police. Ech hunn di duerfir saisiert, an ech hunn am Brif vun der Saisine geschriwwen, datt ech d'Inspection gnrale de la police invitieren, eng Persoun domadder ze chargieren, di weder direkt nach indirekt un der Enqute vun deemools deelgeholl huet.

Et ass kloer, datt ganz vill vun deenen Offizier, di haut an der Police schaffen, och virun 22 Joer an der Police geschafft hunn, m et wr mi Wonsch, an dat steet jo ausdrcklech an deem Brif, deen ech geschriwwen hunn, datt se eng Persoun gife fannen, di deemools nischt mat der Enqute ze dinn hat. Ech wll och hei der Chamber soen, datt ech souwuel di ntwert, di ech wert krie vum Procureur iwwert di miglech strofrechtlech Konsequenze gradesou wi de Rapport, deen ech da krien an deenen nchste Woche vun der Inspection gnrale vun der Police selbstverstndlech un d'Chamber weiderleeden. D'Regierung htt gren hei Kloerheet, m ech kann net zu Fait Stellung huelen, di iwwregens vun deene betraffene Persoune jo contestiert ginn. Dat krut Der an der Kommissioun gesot. Ech weess net, wat do richteg ass, also chargieren ech d'strofrechtlech Autorititen an d'Inspection gnrale de la police mat deenen dofir noutwendegen Enquten, an di kritt d'Chamber alleguerte weidergeleet, sou datt se da selwer kann hir Konklusiounen dorauser zien. Merci. Plusieurs voix.- Trs bien! M. le Prsident.- Merci, Hr Minister, fir di kloer an ditlech ntwert.

Vous aimerez peut-être aussi